Wéinst engem Tëschefall zu Bartreng gouf den Zuchtrafic um Dënschden agestallt.

D'CFL huet kuerz no 12 Auer um Dënschdegmëtten een Tëschefall zu Bartreng gemellt. Hei war de Rettungsdéngscht am Asaz. Dowéinst konnte keng Zich tëschent der Stad an Arel fueren. De Verkéier gouf op Ersatzbusser ëmgeleet. Vu 15:00 Auer un gouf den Zuchtrafic tëschent Mamer an Arel lues a lues nees opgeholl. Vun 17:00 Auer un soll den Zuchtrafic och nees tëschent der Stad a Mamer opgeholl ginn.

Update: Den Zuchtrafic kann op der ganzer Streck nees fueren. Et kann awer nach weiderhin zu Verspéidungen an Ausfäll vun Zich kommen.

Weider Detailer leien aktuell nach keng vir.