
© Eldoradio
De Méindegowend koum et zu engem Accident bei deem de Chauffer dono geflücht ass.
Wéi d'Police matdeelt, ass et géint 18:30 Auer um Méindegowend zu Stroossen zu engem Accident tëschent dräi Auto komm. Ee Chauffer ass awer nom Accident geflücht an huet sech net ëm deen entstane Schued gekëmmert. Kuerz drop konnt d'Police de Mann awer ermëttelen. De Chauffer stoung ënnert engem héijen Alkoholafloss. Dowéinst gouf de Permis agezunn.