Am Kader vun der Verkéierssécherheetscampagne "GUTT GESINN" goufen 339 Pretekoller erstallt.

Wéi d'Police an hirem Bilan iwwert d'Verkéierssécherheetscampagne "GUTT GESINN", déi vum 23. bis de 29. Januar gedauert huet, schreift, goufen am Ganzen 339 Pretekoller erstallt.

D'Kontroll huet sech hei op zwee Aspekter konzentréiert. Eemol op den Zoustand vun den Autosfënsteren an op d'Siichtbarkeet vun de Nummereschëlder an eemol op d'Pobeiere vum Gefier.

123 Pretekoller goufe wéinst ageschränkter Siicht bzw. der Beliichtung erstallt. Ënner anerem waren a 60 Fäll d'Beliichtung futti an a 38 Fäll waren d'Nummereschëlder vun de Gefierer net liesbar.

Déi aner 216 Pretekoller goufe wéinst Onreegelméissegkeete bei de Pobeieren erstallt. Ënner anerem konnte 15 Chauffere kee gëltege Permis virleeën, a 34 Fäll huet d'Versécherung gefeelt an a 16 Fäll konnten d'Chauffere keng Steiervignette virweisen.