
© Pexels
128 Apparater fir Menstruatiounsartikelen si schonn an de Schoulen installéiert ginn.
Wéi de Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéierter Nancy Arendt-Kemp äntwert, goufe bis elo 128 Apparater mat Menstruatiounsartikelen an de Schoulen installéiert. Des Weideren ass eng Sensibiliséierungscampagne iwwert d'Menstruatioun an der Planung an déi soll nach dëst Joer am Mäerz lancéiert ginn. Weider schreift den Educatiounsministère, dass Dotatioun vun de Lycéeën erhéicht gouf, sou dass all Lycée sech bis zu 5 Apparater mat Menstruatiounsartikele kann uneegnen.
Klickt hei fir déi ganz parlamentaresch Fro mat der Äntwert ze liesen.