
© Eldoradio
D'Police mellt een Accident tëschent engem Auto an engem Bus bei Wolz.
Géint 12:20 Auer den Dënschdegmëtten ass et zu engem Accident tëschent engem Auto an engem Bus tëschent Wolz a Noutem komm. Hei ass den Auto frontal mat der rietser Säit vum Bus kollidéiert. D'Automobilistin gouf beim Accident liicht blesséiert a koum an d'Klinik. Am Bus gouf kee Passagéier blesséiert. Den Auto huet Totalschued.