
© OZAN KOSE / AFP
Nom schroen Äerdbiewen am syresch-tierkesche Grenzgebitt ass d’Zuel vun den Doudesaffer nees dramatesch geklommen.
An deenen zwee Länner zesumme goufen elo 11.700 Doudesaffer gezielt. D’Rettungsaarbechte wieren nach ëmmer am gaangen. Iwwer 53.000 Persoune wiere blesséiert ginn. Elleng an der Tierkei sinn iwwer 9.000 Leit ëm d’Liewe komm. A Syrien wieren iwwer 2.600 Leit gestuerwen. D’Vereenten Natiounen iwwerpréiwe Méiglechkeete fir humanitär Hëllef an den Nordweste vu Syrien ze bréngen. Verschidde Géigende sinn nämlech ënner Kontroll vu Rebellen.