Den US-President Joe Biden huet an der Nuecht op e Mëttwoch seng Ried zur Lag vun der Natioun gehalen.

Hien huet d’Republikaner dozou opgeruff mat him zesummen ze schaffen. Hien huet och de Fokus op de Prinzip vun der Demokratie geluecht. Innepolitesch Theme ware wichteg, wéi d’Ofdreiwungsrecht, d’Wafferecht an de Kampf géint d’Policegewalt. Hien huet awer nach den Ukrainer d’Ënnerstëtzung vun den USA confirméiert an huet China viru weidere Provokatioune gewarnt. No dëser Ried wier eng Kandidatur vum 80-Järege fir d’Walen 2024 méiglech, esou verschidden Experten.