
© Pexels
De Statec huet en Dënschdeg déi éischt Resultater vun der Vollekszielung verëffentlecht.
An 10 Joer gouf et eng Hausse vun der Bevëlkerung vu 25 Prozent. Dat ass 15 Prozent méi wéi an der EU. Déi rezentsten Zielung gouf also 2021 gemaach a gëtt mat 2011 verglach. Um 8. November 2021 huet Lëtzebuerg also bal 644.000 Awunner gezielt. 2011 goufen nach 512.000 Awunner gezielt. Donieft gouf festgestallt, dass d’Bevëlkerung méi al gëtt. Et ginn och e bësse méi Männer wéi Fraen zu Lëtzebuerg gezielt.