
© Unsplash
Meteolux huet virun der Keelt am Norde vum Land e Mëttwoch an en Donneschdeg gewarnt.
Bis 11h00 gëllt um Mëttwoch d’Alerte Jaune well minimal Temperature vun -6 bis -8 Grad erwaart ginn. Lokal kënnen awer d’Temperaturen e bëssi méi niddreg sinn. Och fir en Donneschdeg tëscht 2h00 an 11h00 ginn déi selwecht Temperaturen am Norde vum Land erwaart, esou de staatleche Wiederdéngscht.

© Screenshot Meteolux