
© HARRY HOW / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Den US-Basketspiller LeBron James huet en Dënschdeg den Owend e Rekord gebrach.
An zwar ass hien elo de beschte Punktesammler an der Geschicht vun der NBA. Hien huet also méi Punkte geschoss wéi all anere Basketspiller vun der NBA. Domat iwwerhëlt hien de Kareem Abdul-Jabbar, deem säi Rekord vu villen als oniwwerhuelbar ugesi gouf. Am ganzen huet de LeBron James dann 38.390 Punkten markéiert. Also huet den US-Athlet nach emol Geschicht vum internationale Basket geschriwwen.