
© Eldo
Wéinst engem Tëschefall fueren e Mëttwoch de Moie keng Zich tëscht Beetebuerg an Diddenuewen an 2 Richtungen.
D’Rettungsdéngschter sinn am Asaz op der Héicht vu Beetebuerg. D’Ekippe vun der CFL sinn op der Plaz fir sécherzestellen dass d’Zich geschwënn nees fuere kënnen. Mee et ass net gewosst wéi laang dës Perturbatioun dauert.
Update: Den Zuchtrafic soll vun 14:30 Auer nees lues a lues opgeholl ginn. Et kann awer nach weiderhin zu Verspéidungen an Ausfäll kommen.
Communiqué vun der CFL
Suite à un incident nécessitant l’intervention des services de secours à hauteur de Bettembourg, la circulation des trains sur la ligne 90 entre Bettembourg et Thionville est interrompue dans les deux sens.
Nos équipes, ainsi que les services de secours, sont sur place pour rétablir la circulation des trains dans les meilleurs délais.
Actuellement, aucune donnée quant à la durée de la perturbation n’est disponible.