De Mëttwochmoien ass et zu engem Accident tëschent engem Vëlosfuerer an engem Auto komm. Bei Dippech koum et zu engem Accident mat engem Foussgänger.

Wéi d'Police mellt ass de Mëttwochmoien um Findel géint 06:25 Auer een Accident tëschent engem Vëlosfuerer an engem Auto geschitt. Den Auto ass vum Iergäertche Richtung Findel gefuer an hat hei ee Vëlosfuerer op enger Kräizung um Zebrasträifen iwwersinn. De Vëlosfuerer gouf beim Accident liicht blesséiert a gouf nach op der Plaz vum Dokter versuergt. Dono koum déi blesséiert Persoun nach an d'Klinik.

Wéi de CGDIS matdeelt, war hei eng Persoun um CR 103 tëschent Dippech an Holzem de Mëttwochmëtten ënnerwee, wéi dës vun engem Auto ugestouss gouf. Beim Accident gouf eng Persoun blesséiert.

Da mellt de CGDIS nach ee méi schwéiert Accident de Mëttwochmëtten tëschent zwee Autoen zu Munneref. Hei goufen zwou Persoune blesséiert an de SAMU war op der Plaz.