
© UKRAINIAN PRESIDENTIAL PRESS SERVICE / AFP
De Selenskyj ass de Mëttwoch fir eng Staatsvisitt a Groussbritannien.
Bei senger Staatsvisitt a Groussbritannien huet den ukrainesch President Selenskyj der brittescher Regierung Merci gesot fir hier Ënnerstëtzung am russeschen Ugrëffskrich. Groussbritannien huet zu deenen éischten Natioune gehéiert, déi gehollef haten. Den aktuelle Premierminister vu Groussbritannien, Sunak, huet weider Militärhëllefe versprach. Um Mëttwochowend huet sech de Selenskyj mam brittesche Kinnek Charles III. getraff.
De Selenskyj ass fir den Donneschden op den EU-Sommet zu Bréissel invitéiert ginn.
De Mëttwochowend soll de Selenskyj nach zu Paräis ukommen, fir sech hei mam däitsche Bundeskanzler Scholz an dem franséische Premierminister Macron ze treffen. Dat melle verschiddenen Noriichtenagencen.