
© FEDERICO GAMBARINI / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
De Lëtzebuerger Staat schafft souwuel direkt wéi och indirekt mat RWE zesummen.
D'Energiefirma RWE war déi lescht Woche vill an de Medien. Dat well ënner anerem Duerf Lützerath huet missen ofgerappt gi fir Braunkohle ze biergen. Am Kader vun enger parlamentarescher Fro vum Deputéierte Marc Goergen äntwert de Claude Turmes, dass Lëtzebuerg eng Kooperatioun mat der RWE huet. Dat betrëfft ënner anerem d'Pompelspäicherkraaftwierk zu Veianen. Mee och verschidde Lafwaasserkraaftwierker stinn am Kontext vun der Firma.
Klickt hei fir déi ganz parlamentaresch Fro mat der Äntwert ze liesen.