De Méindegmoie sinn dräi Persoune bei engem schwéieren Accident an der Stad ëm d'Liewe komm an eng Persoun gouf schwéier blesséiert.

Der Police gouf de Méindegmoie géint 10:10 Auer ee schwéiert Accident am Neiduerf op der Héicht vun engem Busarrêt gemellt. Op der Héicht vum Busarrêt sinn zwee Autoen aneneegeknuppt, déi aus der Richtung Findel komm sinn an ee Bus wollten iwwerhuelen.

Nom Opprall gouf eng Foussgängerin erfaasst. D'Fra ass nach op der Plaz un hire schwéiere Verletzunge gestuerwen.

Den zweeten Auto ass géint een Haus geschleidert ginn. Am Auto war ee 64 Joer ale Chauffer an eng 31 Joer al Bäifuererin. Fir béid Persoune koum all Hëllef ze spéit an si sinn nach op der Plaz un hire Verletzunge gestuerwen.

De schwéierblesséierte Chauffer aus deem éischten Auto gouf nach op der Plaz vum Dokter versuergt a koum dono an d'Klinick.

De Miess- an Erkennungsdéngscht war och op der Plaz.

An deem Kader sicht d'Police no Zeien, déi Informatiounen zum Accident hunn. Et waren eng Rei Autoen dee Moment hannert dem Bus gestanen hunn an ee weiderer Foussgänger war op der Plaz ënnerwee. Déi Persoune sollen sech bei der Police iwwert d'Nummer 244401000 mellen.