
© Eldo
Beim Accident sinn dräi Persounen ëm d’Liewe komm an eng Persoun gouf uerg blesséiert.
D’Police sicht no Zeien nom déidlechen Accident, deen e Méindeg géint 10h10 am Neiduerf an der Stad geschitt ass. Fir de geneeë Verlaf vum Accident z’analyséieren, sicht d’Police no engem Foussgänger, dee just virum Accident, d’Foussgängerin, déi gestuerwen ass, um Trottoir gekräizt huet. Donieft freet d’Police d’Chauffere vun den Autoen, déi hannert dem Bus gewaart hunn, an den Accident matkritt hunn, sech bei hinnen ze mellen. All Hiweis ass fir de Stater Policebüro (Telefonsnummer: 244401000).