
© Eldoradio
Den Dënschdegmoien ass et zu engem déidlechen Accident op engem Chantier komm.
Wéi d'Police matdeelt, koum et géint 10:45 Auer zu engem schwéieren Aarbechtsaccident op engem Chantier zu Nidderfeelen. Hei krut ee Camion een Aarbechter um Chantier ze paken. De 56 Joer ale Mann ass nach op der Plaz u senge schwéiere Blessure gestuerwen.
De Miess- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz.