De Regierungsrot huet en Avant-Gesetzesprojet iwwer d’Coronamesuren ugeholl.

D’Zil vum neien Text ass et d’Maskeflicht iwwerall wou se nach zu Lëtzebuerg gëllt, ofzeschafen. Och soll d’Flicht sech bei engem positive Corona-Test z’isoléieren opgehuewe ginn. Dat selwecht gëllt fir de systematesche Reporting vun de Spideeler, Heemer an aneren Institutiounen. Bis den 31. Dezember 2023 sollen awer d’Dispositiounen zur Impfung, zu de Covid-Certificaten, an zu den europäesche Reglementer gëllen, genee esou wéi alles wat mat der Veraarbechtung vun Donnéeën ze dinn huet.