
© Frederic J. Brown / AFP
An der Nuecht op e Méindeg war déi 95. Editioun vun den Oscaren.
An der Nuecht vun e Sonnden op e Méinde goufen zu Los Angeles déi sougenannten Academy Awards verdeelt. An nach virun der eigentlecher Zeremonie gouf et direkt eng Iwwerraschung. Beim wichtegste Präis an der Filmbranche sinn d'Staren nämlech fir eng éischter Kéier zanter 60 Joer net iwwer de rouden Teppech getrëppelt. Dëse war 2023 an enger Schampes-Faarf, wat dem Direkter vun der Academy Bill Kramer no, méi glamouréis sollt ausgesinn. Den Host Jimmy Kimmel huet allerdéngs behaapt, d'Academy wéilt domadder weisen, dass dëst Joer kee Blutt wäert fléissen (mir erënneren eis un den Eclat mam Will Smith an dem Chris Rock aus dem leschte Joer).
Am Allgemengen ass d'Show ouni gréisser Tëschefäll iwwert d'Bün gaangen. 2023 wollt een op Nummer Sécher goen an et gouf esouguer am Virfeld e Krisen-Gremium opgestallt, deen zu all Moment op all Imprevu kéint reagéieren. Dat hat allerdéngs zur Konsequenz, dat d'Show dëst Joer vläicht en Tick ze laang, ergo och liicht langweileg war. Do konnten d'Live-Optrëtter vun de Weltstare Rihanna a Lady Gaga och net wierklech hëllefen.
Wien bei den Oscare gewënnt, gëtt ee meeschtens schonn e puer Méint virdru bei de Golden Globes gewuer. Dëst Joer haten do d'Produktiounen The Banshees of Inisherin an The Fabelmans vum Steven Spielberg d'Nues fir. Béid Filmer konnte bei den Oscaren awer kee Präis ofraumen.
Grousse Gewënner bei den Oscars war mat 7 Awards de Film Everything Everywhere All at Once. Dëse war mat 11 Nominéierungen och als grousse Favorit an den Owend eragaangen. Et goufen ënnert anerem Präisser an der Kategorië fir de beschte Film, déi bescht Regie, dat bescht Dréibuch an d'Michelle Yeoh konnt de Präis fir déi beschte Schauspillerin entgéinthuelen.
Méi wéi verdéngt konnt dann de Brendan Fraser de Präis fir de beschte Schauspiller mat Heem huelen. Seng Verkierperung vum iwwergewiichtegen Englesch-Proff Charlie an The Whale konnt esouwuel de Public, wéi och d'Kritiker op der ganzer Welt iwwerzeegen.
Iwwerraschend huet dann den däitschen Anti-Krich-Film Im Westen Nicht Neues 4 Awards gewonnen, dat ënnert anerem fir de beschten internationale Film a fir déi bescht Film-Musek. De Film kënnt dir aktuell op Netflix kucken.
D'Lëtzebuerger Produktioun The Red Suitcase, déi an der Kategorie Best Live Action Short Film nominéiert war, huet leider keen Oscar gewonnen.
Hei fannt dir déi komplett Lëscht vun der Gewënner:
Bester Film: Everything Everywhere All at Once
Bester internationaler Film: Im Westen nichts Neues
Regie: Daniel Kwan und Daniel Scheinert (Everything Everywhere All at Once)
Hauptdarstellerin: Michelle Yeoh (Everything Everywhere All at Once)
Hauptdarsteller: Brendan Fraser (The Whale)
Nebendarstellerin: Jamie Lee Curtis (Everything Everywhere All at Once)
Nebendarsteller: Ke Huy Quan (Everything Everywhere All at Once)
Kamera: James Friend (Im Westens nichts Neues)
Originaldrehbuch: Daniel Kwan und Daniel Scheinert (Everything Everywhere All at Once)
Adaptiertes Drehbuch: Sarah Polley (Die Aussprache)
Schnitt: Paul Rogers (Everything Everywhere All at Once)
Filmmusik: Volker Bertelmann alias Hauschka (Im Westen nichts Neues)
Filmsong: Naatu Naatu (RRR)
Produktionsdesign: Christian M. Goldbeck und Ernestine Hipper (Im Westen nichts Neues)
Ton/Sound: Mark Weingarten, James H. Mather, Al Nelson, Chris Burdon und Mark Taylor (Top Gun: Maverick)
Visuelle Effekte: Joe Letteri, Richard Baneham, Eric Saindon und Daniel Barrett (Avatar: The Way of Water)
Animationsfilm: Guillermo del Toro's Pinocchio
Animationskurzfilm: The Boy, The Mole, The Fox and The Horse
Dokumentarfilm: Nawalny
Dokumentar-Kurzfilm: Die Elefantenflüsterer (The Elephant Whisperers)
Make-up/Frisur: Adrien Morot, Judy Chin und Annemarie Bradley (The Whale)
Kostümdesign: Ruth Carter (Black Panther: Wakanda Forever)
Kurzfilm: An Irish Goodbye