E Mann ass op der Place de la Gare an der Stad opgefall.

Hien huet mat engem laange Bengel gestikuléiert a wéi hien d’Poliziste gesinn huet, ass hie geflücht. D’Beamte konnten hien anhuelen. Et huet sech erausgestallt dass d’Persoun wéinst enger Prisongsstrof national gesicht gouf. Et goufen och nach Droge beim Mann fonnt, an zwar 42,5 Gramm Kokain, 12,9 Gramm Marihuana, 9,5 Gramm Haschisch. Och goufe Suen an zwee Messer fonnt. De Mann ass elo um Uerschterhaff.

D’Police huet e Méindeg eng Kontroll am Stater Garer Quartier gemaach. En Drogendeal gouf op der Plaz beobacht. 4 verdächteg Persoune goufe gestallt an op de Policebüro bruecht. Op Uerder vum Parquet goufen zwee Männer wéinst Drogenhandel festgeholl. Fir déi aner 2 gouf et fir d’éischt eng klinesch Ënnersichung am Spidol. Bei hinne goufen am ganzen 30 Drogekugele fonnt. Dunn goufen dës Persoune festgeholl. Drogen, Boergeld an Handye goufe saiséiert. Déi 4 Persoune sinn en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter komm. Géint ee Mann gëtt et en Haftbefeel. Dësen ass op den Uerschterhaff komm.