Nodeems et Freides den 10.03.2023 géint 20:00 Auer zu engem Iwwerfall an engem Haus koum, sicht d'Police no Zeien, déi eppes Verdächteges gesinn hunn.

Wéi d'Police mellt, koum et de Freiden 10.03.2023 géint 20:00 Auer zu engem Iwwerfall op ee Bewunner an engem Méifamilljenhaus zu Steesel. Hei hunn e puer maskéiert Persounen eng Persoun a senger Wunneng iwwerfall. Täter sinn dobäi och brutal virgaangen.

An deem Kader sicht d'Police no Zeien, déi Informatiounen zu verdächtege Persounen oder Gefierer am Raum Steesel, Bäreldeng, Walfer an/oder Briddel hunn. Des Weidere gëtt an der Géigend no engem Gefier gesicht, dat mat héijer Vitess ënnerwee war.

All d'Informatiounen si fir d'Kriminalpolice iwwert den Telefon (+352) 244 60 1010 oder per Mail op spj.rgb@police.etat.lu.