Zënter 2018 goufen et 272 Verstéiss géint Déierewuel hei zu Lëtzebuerg.

Wéi de Claude Haagen op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Jeff Engelen äntwert, goufen zënter 2018 272 Verstéiss géint Déierewuel hei zu Lëtzebuerg gezielt. Dovunner waren d'Notzdéieren a 65 Prozent vun de Fäll betraff an d'Hausdéieren a 35 Prozent vun de Fäll. Hei handelt et sech haaptsächlech ëm Verstéiss am Kader vun adaptéierte Logementer, adaptéiertem Fudder oder der Houffleeg.

Zënter 2018 ass dat aktuellt neit Déiereschutzgesetz a Kraaft. Jee nodeem wéi gravéierend de Verstouss ass, huet de Proprietär d'Méiglechkeet bannent enger bestëmmter Frist alles konform ze sëtzen. Wann dat net de Fall ass oder de Verstouss méi gravéierend ass, da behandelt de Parquet de Virfall. 62 Dossiere goufen zënter dem neie Gesetz am Joer 2018 vum Parquet opgemaach.