
© Eldoradio
Virun der russescher Ambassade gouf der Police ee verdächtege Géigestand gemellt.
D'Police, d'Spezialunitéit vun der Police, esou wéi d'Hondsstaffel an de Policehelikopter waren de Mëttwochmëtten an engem Asaz virun der russescher Ambassade zu Beggen. Hei gouf ee verdächtege Géigestand der Police gemellt. Weider heescht et awer vun RTL, dass et falschen Alarm war an den Asaz no kuerzer Zäit eriwwer war.