Den Employé ass net verflicht dem Employeur iwwer de Gebrauch vu medezineschem Cannabis ze informéieren.

Wéi d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement äntwert, muss den Employé säin Employeur net iwwert säi Konsum vu medezineschem Cannabis opklären. Weider heescht et, dass den Employeur kee Recht huet engem Aarbechter d'Anhuele vu medezineschem verschriwwenem Cannabis ze verbidden. Den Aarbechtsdokter ass deen eenzegen dee Restriktioune betreffend enger Aarbechtsplaz kann ausschwätzen, mee och hien ass u säi secret médical gebonnen.