
© Eldoradio
Eng beléifte Petitioun huet elo de Seuil vun den 10.000 Ënnerschrëften iwwerschratt.
Et handelt sech ëm d’Fuerderung dass Jonggeselle manner Steiere solle bezuelen. Et wier nämlech onfair dass eng Persoun eleng esouvill oder méi Chargë wéi eng bestuete Koppel bezuele misst, esou de Petitionär. Et misst een nach eng Kéier an der Chamber driwwer debattéieren. Nach 23 Deeg bleiwen iwwreg fir d’Petitioun z’ënnerschreiwen. D’Unzuel vun den Ënnerschrëfte war hei bannent kuerzer Zäit ganz séier geklommen a bis ewell hunn also méi wéi 10.000 Leit ënnerschriwwen (Stand 16. Mäerz 6h00).