E Mëttwoch war eng ëffentlech Debatt iwwer d’Verankerung vum Recht op Boergeld an der Verfassung.

Eng Petitioun iwwer dëse Sujet krut vill Ënnerschrëften. An der Chamber hat d’Finanzministesch Yuriko Backes de Petitionäre verséchert dass d’Boergeld zu Lëtzebuerg net verschwanne géif. Et sinn nämlech Strofe virgesinn am Code pénal fir Geschäftsleit, déi ouni gudde Grond Boergeld refuséieren. Mee et wier awer net néideg eng Garantie fir illimitéiert Boergeld an d’Verfassung festzehalen.