D'CFL wëll verschidde Mesuren ergräifen nodeems eng Fielswand zu Bierden onstabil ginn ass.

Déi lescht Deeg haten d’Wiederkonditiounen dozou gefouert dass eng Fielswand op der Héicht vu Bierden onstabil ginn ass. Aus Sécherheetsgrënn gouf den Zuchtrafic op der Streck gestoppt. An der Tëschenzäit goufen Ersatzbusser agesat an 350 gratis Parkplaze stinn um Parking Däich zur Verfügung. An en Donneschdeg de Moie gëtt dann eng Pressekonferenz iwwer dëse Sujet vun der CFL gehalen.

Update:

Wéi et an engem Communiqué heescht, ass den Zuchtrafic tëschent Ettelbréck an Dikrech net gestéiert. Fir déi aner Deeler vun der Streck tëschent Ettelbréck an der Kautebaach ginn Ersatzbusser agesat. Dës sinn ageplangt bis de 16. Abrëll. Weider heescht et, dass een d'Fielse mat Dréit méi stabil wëll maachen. Fielsen déi esou net kënne verstäerkt ginn, well e mat Netzer aus Metall ekipéieren. Esou soll verhënnert ginn, dass e Fielse kënnen eroffalen. Des Weidere gouf zu Bierden eng Geröllkummer ageriicht. D'CFL investéiert ronn 1,2 Milliounen Euro pro Joer, fir Zuchstrecke virun ofstierzende Fielsen ze schützen.