
© Unsplash
D'Tensioune ronderëm d'App TikTok an den USA ginn ëmmer méi grouss.
D’USA menacéiere mat engem landeswäiten TikTok-Verbuet. Déi amerikanesch Regierung hätt der chineesescher Entreprise Bytedance en Ultimatum gesat. D’Entreprise misst seng Undeeler un der App verkafen oder TikTok géif komplett an den USA verbuede ginn. Dat huet de "Wall Street Journal" gemellt.
Mee bis ewell huet d’US-Regierung net op dës Meldung Stellung reagéiert. Den Ultimatum wier vun enger US-Autoritéit gestallt ginn, déi sech ëm Risikobewäertung vun auslänneschen Investitioune fir déi national Sécherheet këmmert. Et géif een sech nämlech Suerge maachen ob de chineesesche Staat op TikTok-Notzerdaten Zougrëff hätt.