D'Police sicht no Zeien, déi gesinn hunn, wéi een Trakter zu Essen bei Miersch geklaut gouf.

Wéi d'Police matdeelt, gouf am Zäitraum tëschent dem 15.03.2023 an dem 16.03.2023 ee rouden Trakter vun der Mark Massey-Ferguson mat lëtzebuergesche Placken zu Essen bei Miersch geklaut. Den Trakter war mat engem Frontlader an enger Schneidezaang ekipéiert.

An deem Kader sicht d'Police no Zeien, déi verdächteg Beobachtunge gemaach hunn.

All Informatiounen si fir d'Police vu Miersch iwwert d'Nummer (+352) 244 90 1000 oder per Mail op police.mersch@police.etat.lu.