Zu Esch krut eng Persoun hire Rucksak geklaut.

Wéi d'Police schreift gouf um Mëttwochowend eng Persoun op der Kräizung vun de Stroossen Rue Louis Petit an der Rue Victor Hugo zu Esch iwwerfall. Hei krut d'Affer vum Täter de Rucksak mat sëllege Wäertgéigestänn geklaut. Den Täter konnt dono Richtung Parc Laval flüchten.

D'Affer gouf beim Iwwerfall net blesséiert an eng Ermëttlung gouf an d'Weeër geleet.