Déi franséisch Regierung huet d'Pensiounsreform duerchgesat.

Ouni ee Vott vum franséische Parlament huet déi franséisch Regierung d'Pensiounsreform ugeholl. Domat muss déi franséisch Regierung mat enger Mësstrauensdemande rechnen.

Mat der neier Reform gëtt de Pensiounsalter vun 62 Joer op 64 Joer erop gesat.

An deene leschte Woche koum et zu ville Protester am ganze Land an dat och an allen Aarbechtssecteuren. Ëmfroen no sinn zwee Drëttel vun de Fransouse géint dës Reform.