
© Pexels
D'Finanze vun de Gemengen haten 2022 ee stabillen Niveau.
Am Fazit vum Conseil supérieur des finances communales, deen den Inneministère an engem Communiqué matgedeelt huet, heescht, dass d'Gemengefinanzen am Joer 2022 op engem stabillem Niveau louchen. Den Dekont schléisst mat engem Plus vun 120 Milliounen Euro am Verglach zum Joer virdru besser of wéi erwaart. Dat ass eng Hausse vu 5 Prozent. Weider heescht et dass d'Gemengen aktuell am Besëtz vun 1.461 Sozialwunnenge sinn. Dat sinn 8 Prozent méi wéi am Joer 2021. Des Weideren hunn d'Gemengen hier Investissementer weider héich gehalen.
Liest hei de ganze Communiqué:
D’Gemengefinanze louchen och 2022 op engem stabillen Niveau: sou de Fazit vum Conseil supérieur des finances communales (16.03.2023)
Communiqué par : ministère de l’Intérieur
De Conseil supérieur des finances communales, dee sech de Moien am Inneministère ënnert der Leedung vun der Ministesch Taina Bofferding gesinn huet, zitt e positive Bilan iwwert d’Situatioun vun de Gemengefinanzen.
Den Dekont vun 2022 schléisst mat engem Plus vun 120 Milliounen Euro (+5%) am Verglach zum Joer virdrun besser of wéi erwaart. Besonnesch freet sech de Conseil supérieur driwwer, dass d’Gemengen aktuell am Besëtz vun 1.461 Sozialwunnenge sinn, déi méi wéi 10 Méint am Joer an der Locatioun sinn. Dat sinn 8% méi wéi nach 2021 gemellt goufen (1.354 Wunnengen).
D’Gemengen hunn hir Investissementer dat lescht Joer och weiderhin héich gehalen.
Zum Schluss erënnert d’Ministesch nach eemol un de reegelméissegen a positiven Austausch deen den Inneministère säit Jore mat de Gemenge fleegt, speziell mat der Finanzberodung, déi di lescht Joren hir Friichte gedroen huet a vun där all Entitéit aus dem Gemengesecteur weiderhi profitéiere kann, besonnesch wann et ëm de Finanzement vu gréisseren Infrastrukturprojete geet.