De Pantheon, eng vun de gréissten Attraktiounen zu Roum, wëll an Zukunft Entrée froen.

Et ass eng vun den eelsten a beléiftsten Attraktiounen zu Roum: De Pantheon. Wéini genau de Pantheon Entrée fir Touriste freet ass nach net bekannt, am Moment kann een d'Attraktioun nach gratis besichen. Wéi vill den Entrée kaschte wäert, steet nach net fest. D'Noriichtenagence AFP huet den Donneschden matgedeelt, dass de Präis awer net méi héich wéi fënnef Euro wier.

All aner grouss Kierch zu Roum kann een ouni gratis besichen. D'Touristen sinn deemno och skeptesch.

Mannerjäreger an Awunner vu Roum mussen net bezuelen. D'Geld wäert un de Kulturministère souwéi dem Bistum zu Roum goen.