An de Schoulen an de Lycéeë ginn et an Zukunft sou genannte Cannabis-Modullen.

Dës Cannabis-Modulle sollen d'Schüler iwwert d'Gefore vum Cannabiskonsum informéieren a sensibiliséieren. Dat äntwert de Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Martine Hansen, Marc Lies an Diane Adehm. Weider heescht et, dass dës Modullen obligatoresch sinn a systematesch am Cycle 4.2, op der 6e an op der 3e ugebuede ginn. Am drëtten Trimester dëst Schouljoer sollen dës Modullen a verschiddene Schoulen an eng Testphas goen. Fir d'nächst Schouljoer 2023-2024 sollen dës Modullen dann an alle Schoulen ëmgesat ginn.