
© SAMUEL BOIVIN / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Dass d'Pensiounsreform a Frankräich ouni Vott vum Parlament duerchgesat gouf, huet nach méi Protester a Frankräich ausgeléist.
Iwwer 300 Mënsche goufen en Donneschdeg bei Protester zu Paräis festgeholl. Dat huet d’Police en Donneschdeg den Owend matgedeelt. D’Leit si jo wéinst der Pensiounsreform demonstréiere gaangen. D’Police wat mat Tréinegas a Waasserwerfer géint Demonstrante virgaangen. Dës haten op der Place de la Concorde e Feier ugefaangen. Och an anere franséische Stied goufen et Ausschreidungen. D’Reform gouf am Endeffekt ouni de Vott vum Parlament ugeholl. Esou goufen d’Demonstratiounen uechter d’Land nach méi gewalttäteg.
Update: Géint déi franséisch Regierung goufen zwou Mësstrauensdemande gestallt. Dës goufen am Kader vun der Pensiounsreform vun der Oppositioun gestallt. De Méinde soll iwwert dës Mësstrauensdemande ofgestëmmt ginn. Mat engem Mësstrauensvott kéint d'Pensiounsreform nach ofgeleent ginn. Dofir muss de Vott awer déi absolutt Majoritéit hunn. Bei der Pensiounsreform gouf den Alter vun der Pensioun vun 62 Joer op 64 Joer erop gesat.