
© Andreas SOLARO / AFP
D’Regulatioun vun der Notzung vun de Bodycams bei der Police gouf en Donneschdeg an der Chamber diskutéiert.
Hei gouf et eng Versammlung vun der Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet mam zoustännege Minister Henri Kox a mat Vertrieder vum Ministère a vun der Police. Wann en net am ëffentleche Raum ass, dierf e Polizist just mat senger Bodycam ophuelen wann iergendeen ëm Hëllef rifft, am Kader vun haislecher Gewalt an am Kader vu kriminellen Aktivitéiten. Et soll een dann ëmmer déi Leit informéieren, dass se gefilmt ginn ausser wann eng Persoun an direkter Gefor ass. Et gouf och driwwer diskutéiert wéi laang een dës Opnamen halen dierf.