
© Pexels
De CID Fraen an Gender huet en Donneschdeg seng Walfuerderunge fir eng feministesch Politik virgestallt.
29 Fuerderunge fir d'Parlamentswalen goufen hei ausgeschafft. Dës solle genderrelevant Sujete fir d’Walprogrammer sinn, esou de CID. Beräicher, déi betraff sinn, sinn d’Bildung, d’Aarbecht, d’Gesondheet, d’Politik an d’Gesellschaft an d’Kultur. Eng Fuerderung ass dass diskriminéierend Inhalter am Schoulmaterial mussen ofgeschaaft ginn. D’Erkennung an d’Preventioun vu Gewalt misst als feste Bestanddeel an d’Formatioun vun der Police, der Justiz an dem Gesondheetspersonal integréiert ginn. Och d’Unerkennung vun der Endometrios als Krankheet gëtt gefuerdert.