
© Pexels
Spuenien huet en neit Déiereschutzgesetz agefouert.
Hei gi Prisongsstrofe virgesi fir Déierequälerei. Dat wier e ganz wichtegen Dag, esou déi spuenesch Sozialministesch. D’Gesetz géif Leit, déi Déiere quälen net méi einfach esou dovukomme loossen. Dem neie Gesetz no musse Mënschen, déi en Hond adoptéiere wëllen, eng Formatioun maachen an dierfen hiren Hond net méi laang wéi 24 Stonnen eleng loossen. Deen, deen eng Kaz huet muss se steriliséiere loossen. Strofe bis zu 3 Joer Prisong kënne virgesi gi wann en Déier ënner qualvollen Ëmstänn stierft. Dat neit Gesetz bezitt sech haaptsächlech op Hausdéieren.