
© Eldoradio
Den Donneschdegowend ass et zu engem schwéieren Accident tëschent engem Auto an engem Foussgänger komm.
Wéi d'Police schreift, koum et den Donneschdegowend géint 20:10 Auer zu engem schwéieren Accident tëschent engem Auto an engem Foussgänger op der N7 tëschent Lausduer an Hengescht. De Foussgänger war hei iwwert d'Fuerbunn a Richtung Wäiswampech ënnerwee. D'Persoun déi zu Fouss ënnerwee war, gouf hei schwéier blesséiert an nach op der Plaz vum Noutdokter versuergt ier si an d'Klinick koum. Déi blesséiert Persoun war awer nach uspriechbar.