Déi italieenesch Regierung huet Pläng fir Italien a Sizilien mat enger Bréck ze verbannen.

D'Pläng fir Italien a Sizilien mat enger Bréck ze verbanne ginn et scho méi laang, mee déi si schonn oft gescheitert. Elo wëll déi italieenesch Regierung de Projet awer ëmsetzen. Kritiker halen de Projet awer wéinst der Äerdbiewegefor fir riskant. D'Bréck soll ronn 3,2 Kilometer laang ginn a mam Projet soll schonn 2024 ugefaange ginn.