De Freidegmëtten huet ee Mann géint Polizisten an der Stad randaléiert.

Wéi d'Police matdeelt, huet eng Persoun géint 14:20 Auer um Freidegmëtten um Boulevard d'Avranches an der Stad géint Beamte randaléiert. Hei wollten d'Beamten de Mann kontrolléieren. Dunn huet de Mann fir d’éischt mam Fouss géint de Policeauto geschloen an dësen ugespaut. Dono ass de Mann géint d'Beamten handgräiflech ginn. Mat der Ënnerstëtzung vun enger weiderer Policepatrull konnt de Mann immobiliséiert ginn. Wéi probéiert gouf de Mann an den Auto ze kréien, huet dësen sech weider gewiert.