
© GENYA SAVILOV / AFP
An der Nuecht vun e Freiden op e Samschden ass et nees verstäerkt zu Ugrëffer op d'Ukrain komm. Géint de Putin gouf een Haftbefeel ausgeschwat.
An der Nuecht vun e Freiden op e Samschde goufen et nees Loftugrëffer op d'Ukrain. Wéi déi ukrainesch Arméi mellt, goufen hei méi wéi 30 Ugrëffer mat Dronen a Rakéite gemellt. Weider heescht et, dass déi ukrainesch Arméi 10 vu 16 Dronen, déi am Iran gebaut goufen, ofgeschoss huet. Allerdéngs goufen nees vill zivil Infrastrukture getraff an zerstéiert.
Den internationale Geriichtshaff huet een Haftbefeel géint de Putin wéinst diverse Mënscherechtsverletzungen ausgeschwat. Ënner anerem gëtt dem Putin virgehäit, dass hien dofir verantwortlech ass, dass en ukrainesch Kanner verschleeft goufen. Dës Verbrieche wären an deene Gebitter geschitt, déi vu Russland besat goufen. An op mannst zënter dem 24. Februar 2022. Bannent engem Joer solle méi wéi 16.000 Kanner verschleeft gi sinn, esou déi ukrainesch Regierung. D'USA an d'Ukrain begréissen dës Entscheedung vum internationale Geriichtshaff.