An der Nuecht vun e Freiden op e Samschden hunn dräi Männer zwou verschidde Persounen ugegraff.

Géint 3:00 Auer an der Nuecht vun e Freiden op e Samschde gouf eng Persoun an der Rives de Clausen vun dräi anere Männer iwwerfall. D'Affer krut hei seng Jackett, den Handy an säin Handyoplueder geklaut. Täter sinn dono Richtung Allée Pierre de Mansfeld geflücht.

Eng Stonn méi spéit gouf der Police een Iwwerfall op eng weider Persoun um Boulevard Royal gemellt. Hei gouf eng Persoun vun dräi anere Männer ugegraff a blesséiert. Doropshin ass d'Affer op d'Strooss virun een Auto gefall. De Chauffer soll doropshin erausgeklomme sinn an dem Mann um Buedem mam Fouss getrëppelt hunn. Wéi de Chauffer wollt weiderfueren huet sech d'Affer um Auto festgehale fir d'Weiderfueren esou ze verhënneren. De Chauffer ass trotzdeem weider gefuer an huet de Mann e puer Meter mat sech gezunn, ier dëse lass gelooss huet. De Chauffer konnt kuerz drop vun der Police gestallt ginn. Déi dräi Ugräifer konnten net fonnt ginn. D'Affer gouf bei deem ganze Virfall liicht blesséiert.