D'Police konnt zwee presuméiert Drogendealer festhuelen.

An der Nuecht vun en Dënschden op e Mëttwoch géint 2:00 Auer ass der Police an der Avenue de la Liberté an der Stad ee Mann opgefall, dee probéiert hat, bei enger Kontroll eng Plastikstut ewechzegeheien. An der Tut ware 16 Kokainkugel. Déi, esou wéi Betäubungsmëttel, Boergeld an een Handy goufe vun der Police confisquéiert. Den Dealer koum den Donneschde virun den Untersuchungsriichter. Dësen hat géint de Mann een Haftbefeel ausgeschwat an de Mann koum an de Prisong op Suessem.

De Freiden am Nomëtte géint 15:30 Auer konnt eng Policepatrull een Drogendeal zu Schëffleng observéieren. Doropshi goufen dräi Persoune gestallt. Zwou Persounen haten zouginn Drogen ze kafen. Den Dealer gouf festgeholl a koum de Samschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.