Dat wier ee weidere Beweis fir de Klima-Noutstand, esou de spuenesche Premier géintiwwer de Medien.

Am Oste vu Spuenien kämpfen honnerte Pompjeeë géint den éischte grousse Bëschbrand vum Joer. 1.500 Mënschen an der Géigend vun der Stad Valencia goufen a Sécherheet bruecht. Hoteller goufe geraumt. De spuenesche Premier Sanchez sot géintiwwer de Medien, dass esou ee Bëschbrand esou fréi am Joer ee weidere Beweis fir de Klima-Noutstand wier.

D'Feier war en Donneschdeg un der Grenz vun de Regiounen Aragonien a Valencia ausgebrach, an huet well bal 4.000 Hektar Bësch zerstéiert.