
© AFP/Mandel NGAN
Deemno kënne Mënschen, egal wou si d’Grenz vu béid Länner illegal betrieden, an d’USA zeréckgeschéckt ginn.
D’USA a Kanada wëlle mat enger neier Asyl-Reegel verschäerft géint déi illegal Migratioun un der gemeinsamer Grenz virgoen. Dat hunn den US-President Biden an de kanadesche Premier Trudeau no enger Entrevue annoncéiert. Deemno kënne Mënschen, egal wou si d’Grenz vu béid Länner illegal betrieden, an d’USA zeréckgeschéckt ginn. Am Géigenzuch erkläert sech Kanada bereet, 15.000 zousätzlech Migrante bannent engem Joer opzehuelen.