De Grond dofir ass de mega Streik e Méindeg am Verkéierssecteur.

An e puer däitsche Bundeslänner gëtt e Sonndeg d’Fuerverbuet fir Camionen ausnamsweis opgehuewen. De Grond dofir ass de mega Streik e Méindeg am Verkéierssecteur. Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz a Baden-Württemberg hu well ugekënnegt, dass et wéinst dem Streik duerch Stau a Verspéidungen, zu Versuergungs-Enkpäss kéint kommen. D’Gewerkschafte Verdi an EVG wëllen e Méindeg a ganz Däitschland zesummen den Zuch-, Fluch- a Schëffsverkéier bestreiken. Ausserdeem sinn och Autobunn-Deeler vun de Streiks betraff.