Weltwäit gëtt bei der "Earth Hour" Aktioun un Attraktiounen, a Büroen an a Wunnengen d'Luucht ausgemaach.

Um Samschdeg fënnt nees déi sou genannten «Earth Hour» Aktioun vun der Ëmweltschutz-Organisatioun WWF statt. D’Organisatioun rifft dozou op weltwäit um 20h30 fir 1 Stonn d’Luuchten auszemaachen an domat symbolesch een Zeeche fir méi Klimaschutz ze setzen. Dausende Stied sinn och dëst Joer nees dobäi. Och bekannten Attraktioune wéi d’Brandenburger Tor zu Berlin an den Eiffeltuerm zu Paräis wäerten 1 Stonn laang net beliicht ginn.