
© Eldoradio
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg huet d'Police op Uerder vum Parquet eng Partie Alkoholskontrollen duerchgefouert.
An der Stad gouf tëscht 23h00 an 03h30 op der Côte d'Eich, an der Bouneweeger Strooss a beim Boulevard Général S. Patton kontrolléiert. vun 147 Automobilisten déi kontrolléiert goufen, war den Alkoholtest an 9 Fäll positiv, et gouf hei ëmmer ee Protokoll. An 3 Fäll gouf de Permis direkt agezunn.
Alkoholskontrolle goufen et och zu Bidscht, Mäerzeg an Useldeng. Insgesamt goufe 484 Chauffere kontrolléiert. An 11 Fäll war den Test positiv an et gouf ee Protokoll. 4 Permise goufen op der Plaz agezunn.
Och zu Esch gouf tëscht 00h30 an 03h30 kontrolléiert. Dobäi goufen 374 Chauffere kontrolléiert. A 25 Fäll war den Test positiv. 14 Permise goufen direkt agezunn.