
© Eldoradio
Zu Esch gouf eng Persoun kontrolléiert déi eng Airsoft-Pistoul wéi och illegal Messere bei sech hat.
E Freideg den Owend ass d'Police op Esch an d'Rue Emile Mayrisch geruff ginn, well eng Persoun op enger Bänk mat enger Airsoft-Pistoul souz. D'Police huet de Mann kontrolléiert. D'Airsoft-Pistoul souwéi zwee illegal Messere konnte séchergestallt ginn. Si goufe confisquéiert an et gouf ee Protokoll wéinst illegalem Waffebesëtz erstallt.